Musée Thillenvogtei - Randschelt
Méi ewéi nëmmen e Musée!

De Musée Thillenvogtei empfänkt zënter 1991 Schoulklassen an aner Gruppen zu Ranchelt. Hei kënnen si eng Zäitrees an d'Joer 1900 maachen an den haarden Alldag vun eise Virfaren erliewen. De Musée ass 2015 op Randschelt geplënnert  a beräichert zënterhier d'Kultur vum klengsten Duerf vu Lëtzebuerg.

Nëmmen ongär hu mir Visiteuren déi just kucke kommen. Bei eis sollen d'Leit och upaken, probéieren a schmaache kënnen. Dofir kënnen si tëschent verschiddenen Ateliere wielen, wéi Brout baken, Schoul wéi fréier, Holzatelier, Hausarbiicht (mat Eisekuch baken), Spillen wéi fréier an och saisonale Programmer, wei fir Ouschteren oder fir Kleeserchersdag an de Gromperen- a Viz Programm am Hierscht.