Wämper Musik a.s.b.l.
056-2018 - Activités musicales et culturelles
Di Wämper Musik guff 1888 gegrënnt a besteet momentan aus 45 aktive Musikanten.
Mir prouwen normalerweis Fregdes Owes van 20h00 bis 22h00 am Proufsall (2, am Eelerich zu Wampich).
Eise Galaconcert ass ëmmer den zweeten Samsdig am Januar am Centre culturel zu Wampich. O organiseiren mir seit e paar Joëren am Fréijoer een Musiksowend wu mir selwer an 2-3 anner Musiken spillen. Des Concerts sen gratis.
Niäwent dem Galaconcert spille mir tëschent Mëtt September an Mëtt Juli Concerts an eiser Gemeng, innerhalb Lëtzebuerg an o heiandsdo am noen Ausland. Mir begleeden kirchlich a weltlich Feierlichkeeten wéi d'Cäciliemass, d'Kommioun an d'Kirmesprossessioun; offiziell Aweihungen, Commémoratiounsfeieren. Mir spillen den Hämmelsmarsch anlässlich der Wämper Kirmes, bedeeligen eis zesammen mat anneren Verenger aan der 1. Mee-Feier an bei der Organisatioun vam Wämper Lof a Wämper Triathlon.
Seit 2011 ass den Här Alexandre Brisbois Dirigent van eiser Musik. Hien ass Militärmusiker an der Belscht.
Méi Informatiounen zur Wämper Musik op: www.facebook.com/WeiswampachMusek/
L'agrément n°2018/056 Wämper Musik a.s.b.l. décerné par le comité directeur du Fonds culturel national lors de sa réunion du 16 octobre 2018, renouvelé le 23 septembre 2020, le 17 octobre 2022 et le 20 novembre 2024.