MIL a.s.b.l. - Momenter intensiv liewen
071-2019 - Activités culturelles
Kulturell Aktivitéiten fir Mënsche mat an ouni Demenz
MIL steet fir „Momenter intensiv liewen" an d'asbl huet sech als Zil gesat, kulturell Projete fir Mënsche mat (an ouni) Demenz ze initiéieren an ze encadréieren. Engersäits geet et eis drëm an de Fleegeheemer Projeten unzebidden, déi an de Fleegealldag integréierbar sinn. Duerch Konscht a Musek kann et geléngen, nees Brécken zu de BewunnerInnen opzebauen. An engems bréngt et dem ganze System eng Ofwiesslung am Fleegealldag.
Anerersäits bidde mir sougenannte „relaxed performances" un, dëst an Zesummenaarbecht mat Kulturhaiser. „Relaxed performances" si Virstellungen, déi un d'Besoine vun de Betraffenen ugepasst ginn, z.B. d'Auerzäit, d'Dauer, d'Luuchten, den Toun, ma virun allem däerfen si sech ginn, wéi se sinn.
Béid Usätz sollen et erméiglechen, Begéignungsräim fir Mënsche mat Demenz, hiren Entourage, awer och fir Net-Betraffener ze schafen, an esou déi Betraffen nees e Minimum um gesellschaftleche Liewen deelhuelen ze loossen.
Am Moment läit eise Fokus um MIL-CHOUER, deen all zwou Wochen zu Ierpeldeng am Fleegeheem prouft a ronn 50 Sängerinnen a Sänger mat an ouni Demenz zesummebréngt. Mir organiséieren an deem Kontext och reegelméisseg Concerte mam Chouer zesumme mat KënschtlerInnen.
Mat engem Don hëlleft der eis, datt esou vill wéi méiglech Leit vun eiser Offer profitéiere kënnen.
Méi Infoen op www.milasbl.lu
L'agrément n° 2019/071 MIL a.s.b.l. décerné par le comité directeur du Fonds culturel national lors de sa réunion du 12 mars 2019, renouvelé le 13 janvier 2021, 21 juin 2023 et 12 février 2025.

