Bech-Berbuerger Musek a.s.b.l.
055-2018 - Activités culturelles

Am September 2004 hun déi zwou Duerfmuseken, d'Becher Musek an d'Berbuerger Musek décidéiert zesummen ze musizéieren an verschidde Manifestatiounen zesummen oofzehalen.

An denen zwou Museken, déi allebéid schon 114, respektiv 117 Jar bestan hun, hat d'Zuel vun de Musikanten déi Jore virdrun staark ofgeholl. Zesummen kruten déi zwou Museken dunn nees ronn 40 Musikanten op d'Pult, a jidderen hat nees Spaass Musek ze machen. Duerch d'Zesummenaarbecht mat der UGDA's Museksschoul, déi vun do un zu Berbuerg organiséiert gouw, koumen vun do un Jor fir Jor nei jong Musikanten derbäi.

Déi zwee éischt Joren huet de Rob Koeller d'Direktioun iwerholl, den duerno den Dirigentestab un ee jonken Dirigent, de Patrick Yves Hengen iwerreecht huet, den de Veräin 11 Jar geleed huet.

Mam Ziel fir d'Jugendaarbecht am Veräin ze förderen gouw  2006  och de Jugendensembel Pink Notes gegrënnt, de mat 15 jonke Musikanten ugefang huet, an haut em déi 25 Musikanten zielt.

2009 as aus denen zwee Veräiner, déi ganz flott zesumme geschafft hun, en neie Veräin gegrënnt gin: d'Bech-Berbuerger Musek, déi 2019 hieren 10. Anniversaire feiert.

D'Bech-Berbuerger Musek besteht aus bal 60 aktive Musikanten,  a prouwt all Donneschdeg vun 20.00 bis 22.00 Auer am Musekssall zu Berbuerg, 1, Schoulstrooss.

De Jugendensembel prouwt op der selwechter Plaaz och donneschdes, vun 18.45 bis 19.45 Auer.

D'Direktioun vun denen zwee Ensembelen huet den Dany Heuschend'Presidentin vum Veräin as d'Viviane Bohnenberger.

D'BBM spillt all Jar 2 grouss Concerten, e Chrëschtconcert an der Becher Kierch an e Fréijarsconcert am Centre Beaurepaire zu Berbuerg. Do derniewt kommen all déi traditionnell Manifestatiounen an denen zwou Gemengen an eng Rei kleng Concerten op Fester ronderem.

De Programm vun de Festlechkeeten kennt der nokucken ob eiser Home Page: www.bbm.lu

L'agrément n°2018/055 Bech-Berbuerger Musek a.s.b.l. décerné par le comité directeur du Fonds culturel national lors de sa réunion du 16 octobre 2018, renouvelé le 23 septembre 2020, le 17 octobre 2022 et le 20 novembre 2024.