Nei Revue a.s.b.l.
Nei Revue 2020
No dem grousse Succès d'lescht Joer kënnt d'Revue, dee beléifte Lëtzebuerger Cabaret-Theater, och dëst Joer nees op d'Bühnen uerchtert d'Land!
Den Ensemble "Nei Revue" steet mat engem lëschtegen an ofwiesselungsräiche Programm op de Brieder. Humoristesch zäitkritesch Sketcher a Lidder loossen dat vergaangend Joer zu Lëtzebuerg Revue passéieren.
Laachen ass ugesot !
Ennert de Regie vum Nico Lessyn spillen: Dana Zangerlé, Liliane Luyckfassel, Brigitte Bintz, Stéphanie Welbes, Gérard Heinen, David Bettinelli, Raphael Parinha, Marc Camy a Ricardo Vieira.
Geschriwwe gouf de Programm vun : John Moris, Marc Weidert, Liliane Luyckfassel a Gast Zangerlé.
Datumer 2020:
Kapuzinertheater:
02/04, 03/04, 04/04, 05/04
Escher Theater:
08/04, 09/04, 10/04
Cape :
16/04, 17/04, 18/04, 19/04
Arca:
27/04, 28/04, 29/04
Cube 521:
02/05 an 03/05
D'Virstellungen sinn ënnert der Woch um 20.00 Auer a Sonndes um 17.00.
Agrément 2019/085 décerné par le comité du Fonds culturel national lors de sa réunion du 21 novembre 2019.