MIL asbl - Momenter intensiv liewen
Activités culturelles

Kulturell Aktivitéiten fir Mënsche mat an ouni Demenz

MIL steet fir „Momenter intensiv liewen" an d'asbl huet sech als Zil gesat, kulturell Projete fir Mënsche mat Demenz ze initiéieren an ze encadréieren. Engersäits geet et eis drëms an de Fleegeheemer Projeten unzebidden, déi an de Fleegealldag integréierbar sinn. Duerch Konscht a Musek kann et geléngen, nees Brécken zu de BewunnerInnen opzebauen. An engems bréngt et dem ganze System eng Ofwiesslung am Fleegealldag.

Anerersäits wëlle mir sougenannte „relaxed performances" ubidden, dëst an Zesummenaarbecht mat Kulturhaiser. „Relaxed performances" si Virstellungen, déi un d'Besoine vun de Betraffenen ugepasst ginn, z.B. d'Auerzäit, d'Dauer, d'Luuchten, den Toun, ma virun allem däerfen si sech ginn, wéi se sinn.

Béid Usätz sollen et erméiglechen, Begéignungsräim fir Mënsche mat Demenz, hiren Entourage, awer och fir Net-Betraffener ze schafen, an esou déi Betraffen nees e Minimum um gesellschaftleche Liewen deelhuelen ze loossen.

Eisen éischte grousse Projet „Kanner, O Kanner, O quel bonheur" huet den 12. Oktober 2019 Premiere am Fleegeheem „Beim Goldknapp" zu Ierpeldeng gefeiert. De Georges Urwald huet d'Liiblingslidder vun de BewunnerInnen an 12 Potpourrien arrangéiert. Eng festlech Bün, schéi Kostümmer an e klengen Orchester hunn d'Leit mat op eng Rees an eng aner Welt geholl. Am Januar 2020 gouf de Programm am CAPE zu Ettelbréck gewisen. Ronn 160 Leit, dorënner d'BewunnerInnen an d'Fleegepersonal vun enger Reih Alters- a Fleegeheemer, hunn un den éischte „relaxed performances" deelgeholl. No der sanitärer Kris plange mer eng Tournée uerschtert d'Land.

Mat engem Don hëlleft der eis, datt esou vill wéi méiglech Leit vun dëser Offer profitéiere kënnen.

 

Méi Infoen op www.milasbl.lu

Facebook

Agrément n° 2019/071 décerné par le comité directeur du Fonds culturel national lors de sa réunion du 12 mars 2019 et renouvelé le 13 janvier 2021 portant désormais le n°2021/071.