Heischter Musik a.s.b.l.
Saison 2022/23

D'Heischter Musik gouf am Joer 1929 gegrënnt a besteet momentan aus 50 aktive Musikanten. Zënter 2007 hunn eis jonk Musikanten och d'Méiglichkeet an eisem Jugendorchester éischt Erfahrungen ze sammelen.

D'Heischter Musik gouf am Joer 1929 gegrënnt a besteet momentan aus 50 aktive Musikanten. Zënter 2007 hunn eis jonk Musikanten och d'Méiglichkeet an eisem Jugendorchester éischt Erfahrungen ze sammelen.

Geprouft gëtt Freides oder Samschdes Owes vun 19h30 bis 21h30 am Proufsall um Maart zu Heischent. Highlight vum Joer ass ouni Zweifel eise Galaconcert, deen dëst Joer, den 26. Mäerz, zu Heischent am Sport- a Kulturzenter gespillt gëtt. Iwwer 400 Leit fannen all Joer de Wee op Heischent fir un dësem Evenement deel ze huelen.

Eis Summerconcerte spille mir op de Campingen aus der Gemeng, eewer och soss am Land.

D'Heischter Musik begleet awer och traditionell Feierlechkeeten am Duerf, respektiv an der Gemeng, wéi zum Beispill d'Kommioun, Prëssessiounen, Éischte-Mee-Feier, Nationalfeierdag, asw. Den Hämmelsmarsch spille mir zu Heischent, Toodler, Réngel a Scheedel.

Awer och déi ausser-musikalesch Aktivitéite kommen net ze kuerz. Sou ass et virun allem um bekannten Heischter Maart, wou eise Veräin eng wichtig Roll spillt.

Zousätzlich leescht d'Heischter Musik een enormen Beitrag an der Matgestaltung vum Musiksunterricht an der Gemeng Esch-Sauer andeems mir de Musikschüler (m/f) Instrumenter zur Verfügung stellen an den Entretien dovun assuréieren.

De Kaf an den Entretien vun Instrumenter duerch d'Heischter Musik gëllt och fir d'Musikanten aus dem groussen Orchester.

Weider Informatioune fann Dir op www.heischtermusik.lu.

Agrément 2020/091 décerné par le comité du Fonds culturel national lors de sa réunion du 15 mai 2020 et renouvelé le 17 mars 2022 portant désormais le n°2022/091.