Schierener Musek
Saison 2022/23

D'Schierener Musek gouf am Joer 1947 gegrënnt a besteht momentan aus 60 aktive Musikanten. Geprouft gëtt all Freiden Owend vun 19h30 bis 21h30 am Proufsall op 23b, rue de la Gare zu Schieren. Highlight vum Joer ass ouni Zweifel eise Galaconcert, deen all drëtte Sonden am Januar zu Schieren an der Sportshal gespillt gëtt. Iwwer 600 Leit fannen all Joer de Wee op Schieren fir un dësem Evenement deel ze huelen.

Wann de Galaconcert bis riwwer ass, gëtt den zweeten Deel vun der Saison preparéiert. D'Summerconcerten kënnen iwwerall am Land sinn a suguer iwwert d'Grenze raus.

D'Schierener Musek begleet awer och traditionell Feierlechkeeten an der Schierener Gemeng, wéi zum Beispill d'Kommioun, Prëssessiounen, Éischte-Mee-Feier, d'Empfänke vum Kleeschen, asw.

Awer och déi ausser-musikalesch Aktivitéite kommen net ze kuerz. Niewent dem bekannte Fuesbal bzw. der Fuesparty, organiséiert de Veräin och Cabaretsowender an ee Mol d'Joer am Juni dat traditionellt Summerfest, wou net nëmme fir Iessen a Gedrénks, mee och fir flott (musikalesch) Ënnerhalung gesuergt ass.

D'Generalversammlung fënnt all Joer am November statt.

Weider Informatiounen fannt Dir op www.schierener-musek.lu.

L'agrément n°2018/043 décerné par le comité directeur du Fonds culturel national lors de sa réunion du 20 février 2018, renouvelé le 1er avril 2020 et le 4 mai 2022 portant désormais le n°2022/043.